Wat bedeit Biohacking?
Beim Biohacking (och als Bodyhacking bekannt) geet et dorëms, den eegene Kierper kennen ze léieren an ze verstoen, fir en op där Basis kënnen ze optimiséieren. De Begrëff orientéiert sech um Hacke vu Computeren, wou en Hacker sech Zougrëff op d'Date vun engem Computer oder Netzwierk verschaaft, fir en dono no Belieben ze manipuléieren. Beim Biohacking ginn zwar guer keng computertechnesch Programméierkenntnisser gebraucht, mee am Prinzip ähnele sech déi zwou Konzepter awer.
Wéi ee säi Kierper hacke kann
Well d'Basis vum Biohacking op engem detailléierte Versteeë vum Kierper berout, muss een sech fir d'éischt „Zougrëff“ op déi relevant Informatioune vum Kierper verschafen. Dobäi ginn dräi Aarten bzw. Weeër vum Biohacking ënnerscheet:
Biohacking iwwer Technik
Verschidde Geräter erméiglechen e Biohacking vu verschiddene Kierperdaten. Vun Kopfhörer, déi d'Gehiraktivitéit stimuléieren, bis hin zu Stirbänner, déi e Biofeedback erméiglechen, dat heescht biologesch Prozesser am eegene Kierper observéierbar maachen. Dobäi kommen och Implantater a Chips, déi ënner d'Haut agesat ginn an esou spezifesch Date vum Kierper erhiewen a späichere kënnen.
Biohacking iwwer d'DNA
Biohacking iwwer d'DNA baséiert op dem allgemenge Beräich vun der Epigenetik. DNA-Hacker analyséieren hir Erbinformatiounen a ënnersichen hiert Erbgut op Mutatiounen. Eng vun den innovativsten Technike bannent dësem Feld ass déi nach relativ nei CRISPR-Technologie (Clusters of Regularly Interspaced Short Palindromic Repeats), mat där op Basis vun den Erbinformatiounen Genen gezielt kënne manipuléiert bzw. editéiert ginn.
Biohacking iwwer de Lifestyle
Biohacking ass och iwwer bestëmmte Routinen am Alldag méiglech. Dës Aart vu Biohacking ass déi einfachst, gëtt awer dacks ënnerschat. Lifestyle-Biohacker moossen esou gutt wéi méiglech verschidde Date iwwer hiren aktuellen Kierperzoustand a riichten op där Grondlag hiert Liewen aus. No enger bestëmmter Zäit léiert de Biohacker déi biochemesch Prozesser an hirem Kierper kennen a kann op individueller Basis verstoen, wéi en de Kierper op laang Siicht optiméiere kann.
Iwwerzeegt Biohacker kombinéiere meeschtens zwee oder esouguer all dës Weeër vum Biohacking. Esou kann d'Optiméierung vun de Genen zum Beispill ëmmer och duerch en entspriechende Liewensstil ënnerstëtzt ginn.
Firwat Biohacking?
D'Virdeeler vum Biohacking si ganz villfälteg. Grondsätzlech versprécht dëst Konzept eng individuell „programméiert“ Optiméierung vun denger Kierperleeschtung, denger Allgemengleeschtung an denger allgemengerem Wuelbefannen.
Biohacker lehnen allgemeng gëlteg Gesondheetskonzepter of („wat dir hëlleft, muss net onbedéngt mir hëllefen“) a probéieren hir Kierper amplaz ëmmer op individueller Basis z’optiméieren – ganz op Grondlag vun den „gehackten” Date vun hirem Kierper.
Fir déi folgend Liewensberäicher gëtt Biohacking hautdesdaags am heefegste sënnvoll agesat:
Ernierung
Egal ob duerch reegelméisseg Moosse vum Bluttzockerspigel, dem Bluttdrock oder aner ernierungsrelevant Indikatoren: Biohacking féiert praktesch automatesch zu gesonden Ernierungsvanéiten. Geméiss der individualiséierter Natur vum Biohacking kanns du ganz genee ofschätzen, wat denger Kierper gutt deet a wat net. Deng Ernierung kanns du esou komplett op d'perséinlech Optiméierung vun denger Leeschtungsfäegkeet ausriichten.
Schlof
D'Schlofoptiméierung huet eng wichteg Roll am Biohacking, net zulescht well ëmmer méi Leit hautdesdaags ënner Schlofproblemer leiden. Duerch eng Analys vum eegene Schlof kann en no an no verbessert ginn. Och Einschlof- a Duerchschlofproblemer loosse sech hacken, verstoen an um Enn léisen.
Beweegung / Sport
Datt genuch Beweegung bzw. Sport en wichtegen Aspekt vun engem gesonde Liewe duerstellt, ass allgemeng bekannt. Am Sënn vum Biohacking gëtt awer déi beschten Aart vu Beweegung a sportlecher Aktivitéit erausanalyséiert. Op där Basis kënne beispillsweis individuell Trainingsprogrammer erstallt ginn, déi deng spezifesch Fitness gezielt verbesseren.
Entspanung
Nieft genuch Beweegung ass och genuch Entspanung wichteg. Mee all Mënsch entspaant sech anescht, an domat kënne sech och déi effizientst, perséinlech Entspanungstechniken hacke loossen.
Kognitiv Fitness
Och deng kognitiv Fitness bzw. deng Gehirleeschtung léisst sech hacken an optiméieren. Ganz nom Motto „Use it or Lose it“ kann ee Gehir trainéieren an d'Denkleeschtung erhéijen – duerch Gehirtraining, mee och duerch déi richteg Zoufloss u Nährstoffer.





Deelen:
Wat fir eng Bedeitung an Auswierkung huet Longevity op däi Liewen an deng Ernärung