Iwwer den Nutricare DNA‑Test
Verstéi däi Stoffwiessel a firwat Diäten bei dir anescht wierken
Wat dem engen guttdeet, bréngt beim aneren näischt. Stoffwiessel, Nährstoffbedarf an Verträglechkeet si genetesch ënnerschiddlech ugeluecht. Den NutriCare DNA-Test ass däin Ernärungsberoder.
140 Genvarianten aus enger Spautprouf, 54 Analysberichter an 8 Kapitelen op 200 Säiten, dobäi d’Bewäertung vun iwwer 1.000 Liewensmëttel. Keng Verbotslëscht, mee eng Auerdnung – Schluss mat:
- Rätselraaten beim Akafen
- Ernärungstrends, déi bei dir net wierken
- Nahrungsergänzungsmëttel op Verdacht
Deng DNA verréit dir, wéi däi Kierper Nährstoffer verschafft a wéi s du deng Ernärung geziilt upasse kanns. Si beaflosst, wéi s du Kuelenhydrater, Fetter a Proteinen – also Makronährstoffer – verstoffwiessels a wéi effizient s du dorunner Energie gewënns. Och däi Besoin u Vitaminnen a Mineralstoffer gëtt duerch deng Gene matbestëmmt.
E moderne DNA‑Test fir Ernärung a Stoffwiessel hëlleft dir ze erkennen, wéi eng Liewensmëttel dech stäerken a wéi eng dech éischter belaaschten. En liwwert dir Äntwerten drop, wéi gutt s du z. B. Vitamin B12 oder D ophëls, ob s du empfindlech op Salz reagéiers oder wéi däi Kierper Koffein ofbaut.
Sou fënns du eraus, wéi eng Ernärung zu dir passt – a wéi s du däi Stoffwiessel optimal ënnerstëtzen kanns. Dat ass d’Grondlag fir méi Energie, méi Wuelbefanne an virun allem fir gesond Ofhuelen – ouni Diätstress, mee mat enger kloerer Strategie.
Personaliséiert Ernärung mat DNA ass de Schlëssel zu engem Alldag, deen sech besser ufillt – individuell, fundéiert a laangfristeg erfollegräich.



































